Am Oktober kritt de François Bausch seng 69 Joer, a 40 dovunner huet hien Politik gemaach, woubäi d'Joren als Minister vun 2013 bis 2023 wuel am meeschten opgefall sinn. Hien war ëmmer vill mat Pressekonferenzen an de Medien an huet iwwer seng Aarbecht a seng Decisiounen geschwat. Am 'Café des artistes' huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten och déi manner bekannt Säiten beliicht. Piano: Marc Schmidt

12-03-2025 RTL-Afterwork: mam François Bausch (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt de François Bausch vun der Trapebesetzung an der Chamber a wéi et ausgeaart ass. Hien erkläert sech, firwat hien der Meenung ass, dass Politiker méi dacks weisen missten dass se Mënschen sinn, unhand vun engem trauregen Beispill dat et him erméiglecht huet an d'Chamber nozeréckelen, a wouriwwer hien ni ëffentlech geschwat huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen