
© Patrick Greis
Net just op de Fotoen huet de François Bausch gutt laachen, mee hien ass houfreg all dat wat hien an der Politik erreecht huet. Ob dat mat de Vëlosweeër, de séiere Rond-pointen, de Radaren oder dem Tram ass fir nëmmen déi ze nennen. Am 'Café des artistes' geet et dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och drëm fir méi onbekannt Säiten ze weisen oder de Fanger an d'Wonn ze leeën oder nozehaken. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de François Bausch firwat et hie fir d'éischt bei d'Jonksozialisten gezunn huet, ier hien de Schratt bei déi Gréng gemaach huet. Mir héieren, dass hie sech an der Stad immens wuelfillt, där en quasi ëmmer trei bliwwen ass a gi gewuer, dass hien als Bopi och elo vill Zäit mat sengem klengen Enkel verbréngt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen