Dem François Bausch säin Papp staamt aus enger Weimeschkiercher Famill mat 9 Geschwëster. Mat 17 Joer huet de fréieren grénge Minister op der Bunn geschafft an hien haasst Bistroen well hien als Bouf an engem doheem war. Am 'Café des artistes' sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten munch Privates gewuer ginn, och dass hien zanter 1989 mam Claudette Majerus zesummen ass, dass de Pierre Puth an de Romain Meyer zu senge beschte Kolleegen gehéieren a vill Afloss op säin Liewen haten, an dass hien ënner der Geheimdéngschtaffär gelidden huet. Piano: Marc Schmidt

15-03-2025 RTL-Afterwork: mam François Bausch (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Maître Philippe Penning. De bekannten Affekot zielt iwwer aussergewéinlech Prozesser déi a senger Karriär ervirstiechen. Mir ginn gewuer firwat hien iwwerhaapt déi Richtung ageschloen huet a net Tennisstar ginn ass. Mir héieren wéi e sech derduerch geknäipt huet, awer och wéi een e gudde Plaidoyer hält oder och alt emol op Gléck an Zoufall vertraue muss fir e Prozess ze gewannen. Rieds geet och vu senge Qualitéiten als DJ a firwat hien vu senge Kolleegen 'Fiffi' genannt gëtt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen