
© Patrick Greis
De Weekend hunn nees am ganze Land d'Buergen gebrannt, an der Hoffnung de Wanter definitiv ze verdreiwen an dem Fréijoer endlech Plaz ze maachen. An och an der Gemeng Nidderaanwen haten se déi lescht Zäit hier Hänn voll ze dinn, an hir Familljen hu se net vill gesinn. Si sinn Mechatroniker, Dréier oder Student, a gehéieren zu de 'Buergfrënn Nidderaanwen', an all Joer hu se e groussen Challenge fir d'Erwaardungen vun de Leit net z'enttäuschen.

Aus der Géigend, an zum Deel vu ganz wäit hier sinn d'Leit op en Hiwwel tëscht Nidderaanwen a Mënsbech komm, fir sech dee Spektakel vu ganz no unzekucken.

Dee kriteschsten Bléck op déi Mega-Konstruktioun aus Holz, hunn awer d'Kanner gehale.



