
© Patrick Greis
Net Köln, Wien oder Zürich huet de Joris sech erausgesicht gehat fir den Optakt vu senger Tournée mat neiem Material, mee de Centre culturel 'Opderschmelz' zu Diddeleng. Zanter 10 Joer héiert een hien um Radio, a mëscht mat am erop an erof an den Charts. 3 Placken huet hien bis elo erausbruecht, awer no 'Herz über Kopf', 'Nur Musik" an 'Du' war et Héichzäit fir nei Lidder. „zu viel retro“ heescht dee neien Album, an de Public ass him trei bliwwen a gutt matgaangen. Fir 90 Minutten Concert huet och dee wäitste Wee sech rentéiert.
Wann een eng hallef Milliard Streams huet, an 3 Echoen doheem stoen huet, dann huet een et gepackt. Awer, wann een sech dann mat 13 neie Lidder eraus traut, virun de Public, ass dat nach emol eng aner Hausnummer.

Mission accomplie, oder bal. Well e klenge Malheur ass dann awer geschitt, an deen war och net ze verheemlechen oder z'iwwerhéieren.
Wann een den éischte Concert mam Joris verpasst huet ass dat zwar immens Schued, awer kee Problem. Et geet elo fir hien a seng Band op Nürnberg, Bern, München, Dortmund asw. Am ganzen 16 Concerten gëtt de sympathesche Sänger nach bis den 30ten Mäerz.