De Maître zielt net just iwwer aussergewéinlech Prozesser déi a senger Karriär ervirstiechen. Am 'Café des artistes' verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten firwat hien iwwerhaapt déi Richtung ageschloen huet an net Tennisstar ginn ass. Mir héiere wéi e sech derduerch geknäipt huet, awer och wéi een e gudde Plädoyer hält an och alt emol op Gléck an Zoufall vertraue muss fir e Prozess ze gewannen, a ginn definitiv méi iwwer seng Qualitéiten als DJ gewuer. Piano: Marc Schmidt

17-03-2025 RTL-Afterwork: mam Philippe Penning (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt de Maître Philippe Penning, dass hien a senger Fräizäit geféierlech Hobbye mécht a schonn dacks eng Klinik vu banne gesinn huet. Mir héieren awer och, dass säi Papp e ganz anere Beräich als Jurist fir hie léiwer gesinn hätt, an gi gewuer wéi hien de Geiselnehmer vum Spatzennascht vu Waasserbëlleg viru bal 25 Joer als 'Pflichtverteideger' vertrueden huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen