An de leschte 5 Joer sinn schonn vill Juristen am RTL-Afterwork passéiert. Ugefaangen beim Maître Vogel iwwer de Maître Schonckert an elo säin Schützling de Maître Philippe Penning ouni déi Dammen Tanson, Polfer a Beissel ze vergiessen déi jo och als Affekot geschafft hunn. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer net just iwwer Dossieren a Prozesser geschwat, mee och iwwer d'Professioun allgemeng an de Wee dohinner. Piano: Marc Schmidt

18-03-2025 RTL-Afterwork: mam Philippe Penning (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Maître Philippe Penning vun engem 'Vaterschaftstest' deen viru Geriicht eng aner Tournure geholl huet. Mir ginn gewuer wéi hien e Plaidoyer opbaut, an héieren wat de Maître Jacques Vergès - eng Kapazitéit aus Frankräich - mam Philippe Penning sengem éischten Auto gemaach huet.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen