
© Patrick Greis
'Le droit mène à tout' heescht et ënner Juristen, an dat war och mat en Ausléiser, firwat de Maître Penning sech entscheet huet als Affekot ze schaffen. Am 'Café des artistes am Gronn' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten sech brennend fir déi, méi wéi ofwiesslungsräich Aarbecht, vum Mann an der 'Robe' interesséiert. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Maître Philippe Penning, dass een mat Zeienaussoen bei engem Prozess virsiichteg muss sinn. Mir ginn gewuer op hien eng Nidderlag sportlech hëlt an héieren op een als Affekot d'Wourecht kenne muss oder net.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen