Op der Tëlee gëtt et näischt méi Spannendes wéi e Krimi an och Geriichtsshowen wéi 'Das Strafgericht', 'Richter Alexander Hold' oder 'Richterin Barbara Salesch' boomen. Am 'Café des artistes' haten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten de Maître Philippe Penning am Gespréich fir gewuer ze ginn, wéi déi batter Realitéit ausgesäit. Piano: Marc Schmidt

20-03-2025 RTL-Afterwork: mam Philippe Penning (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Maître Philippe Penning wéi hie sech op déi vill Drogeprozesser preparéiert huet. Hie gëtt zou, dass hien en Danzmuffel ass a léiwer als DJ opleet, an den Affekot verréit firwat hien de 'Schéifer' bei senge Vëloskolleege genannt gëtt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen