Recht hunn, ass eng Saach, Recht kréien eng aner. An dofir suergt de Maître Philippe Penning, deem säi Papp schonn am Droit doheem war. Souguer seng Fra ass Riichterin an de Fils weess et nach net sécher. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten net just iwwer d'Justitia, déi réimesch Gëttin vun der Gerechtegkeet geschwat, mee och gelauschtert wéi hien e Prozess an d'Aarbecht mat sengem Mandant uleet. Piano: Marc Schmidt

21-03-2025 RTL-Afterwork: mam Philippe Penning (Freideg)

Muer géint 17h15 zielt de Maître Philippe Penning iwwer seng Krankegeschichten. Mir ginn gewuer, wou d'Virdeeler vum Gips leien, wéi eng Erfarung hie mat enger Ambulanz gemaach an héieren awer och dass eng Kéier bei him selwer agebrach gouf, an den Abriecher e gudde Bekannten, also e Mandant vun him war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen