De Maître Philippe Penning setzt sech fir d'Gerechtegkeet an, ier e Fall klasséiert an 'ad acta' geluecht gëtt. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten vill iwwer aussergewéinlech Prozesser geschwat, déi d'Press an d'Land an Otem gehalen hunn. D'Zäit gouf awer och genotzt fir e bësschen iwwer d'Fräizäit ze schwätzen, déi beim Affekot wuel knapp bemooss ass, an awer voll ausgeschluecht gëtt mat Hobbyen déi net jiddereen huet an déi och net ongeféierlech sinn. Piano: Marc Schmidt

22-03-2025 RTL-Afterwork: mam Philippe Penning (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Claude Bintz, dem fréieren Chef vun Tango, Vox mobile an IP-Lëtzebuerg deen och Musek am Blutt huet. Mir héieren wéi et ass wann een den Zouschlag kritt fir e Telephonsreseau opzebauen. Hien beschreift, wéi seng Sammlung mat alen Handyen an coolen Gittaren ausgesäit. Mir héieren firwat seng Band mëttwochs moies prouft, wéi de Batteur eng Kéier op der Bün verschwonne ass. Mir ginn gewuer wéi hien Sushi mam Grand-Duc zu New York giess huet an, dass hien de Weltrekord vun den Coveren um Paperjam mat engem aneren Jean-Claude deelt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen