
© Patrick Greis
Dat gutt Gewëssen spillt beim Iessen jo och eng Roll. Wann een mengt et hätt een op vill Zocker verzicht, da schmaacht d'Cola, de Ketchup oder de Jughurt nach emol sou gutt. Et wier och alles an de Rei wann den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare, net nees en Hoer an der Zopp fonnt hätt.
Aus Zäitgrënn ginn hei Aspartam, Saccharin, Cyclamat a Sucralose an eng Ënnergrupp vun de Séissstoffer Sorbit a Xylit an engem Wësch traitéiert. Se sinn an deene meeschten vun dëse Produiten souwisou gemixt. Se verbënnt, dass se op den Zockerreceptoren vun der Zong dem Gehier virmaachen, et wier Zocker am Mond. Se sinn e puermol méi séiss, a se ginn entweder net absorbéiert oder vum Stoffwiessel net verschafft. Se liwweren also doduercher och keng Energie.
An der Haaptsaach geet et de meeschten jo ëm d'ofhuelen. Gëtt dat Ziel dann wéinstens erreecht?
Ma an der Moyenne, op länger Siicht, éischter net. Entweder, well ee sech dann no der Cola Zero e Stéck Schwarzwälder eranzitt, oder well och dëst Séisst der Bauchspeicheldrüs signaliséiert, t'kéim Zocker a Glukose a Fruktose, doduercher géif den Insulinspiggel klammen, majo, an ouni Zocker am Bauch mécht deen Insulin dann am Blutt e liichten Ënnerzocker an domadder neien Appetit. Héich Dosen Erythrit kënnen, well se net absorbéiert ginn, Gerubbels am Bauch oder souguer Duerchfall bréngen. Bei Leit déi Phlebitte oder änlech Gerënnungsstéirungen hunn, kéint et déi och favoriséieren bei héijen Dosen. Wéi ëmmer ass et d'Dosis déi d'Gëft mécht. Gebraucht et net ze vill, da bleift der gesond.