En Donneschdeg, pünktlech um 10h01 fänkt d'Fréijoer un. Dat ass de 'Go' fir d'Leit mam gréngen Domm. Dann hu se genuch gerascht, an et geet nees un d'Gaardenaarbecht. A ganz mat virbäi, de Grénge Jeannot, also de Jeannot Lacour deem dat och net gaangen ass, wann d'Natur am Wanter sou brooch louch.

De Wues huet dat och net sou gär gehat, en ass net méi schéi gréng, en ass meeschtens eng gutt Partie giel, an t'ass vill Filz dran entstanen iwwer de Wanter. Natierlech, et war net vill Luucht do well et fréi hell ginn ass, a natierlech och nees fréi däischter owes, an de Wues brauch awer eng Zäit vu Luucht. Et louch e bësschen Schnéi drop, net vill, t'louchen Blieder drop an doduerch krut en nach manner Luucht, dat ass net sou gutt fir de Wues. Dofir soll ech dann direkt Enn Mäerz, Ufank Abrëll ganz egal, mäin Wues vertikutéieren, erëm op Fordermann bréngen.

Jeannot Lacour - de Wues huet am Wanter gelidden

Firwat soll ech de Wues dann elo vertikutéieren?

Fir de Mos erauszehuelen, an dat doudegt Gras, dee Filz deen dran entstanen ass. Dass de Wues nees Loft kritt, dass et lieweg soll dra bleiwen. Duerno muss ech natierlech kucken, wann et eidel Plazen gëtt, wou net vill Wues ass, noséinen, akrazen, Buedemkontakt bréngen mam Som an dann natierlech düngen. De Buedem wou de Wues drop ass, dee brauch e richtegen Wuesdünger. Net iergend een Dünger mee e Wuesdünger, mat vill Stéckstoff am Ufank, dass en soll auserneegoen, breet ginn, rëm staark ginn, déi Lächer zou maachen, an dass en nees richteg gréng gëtt, wëll dat ass dat Wichtegst, e Wues soll jo gréng sinn.

Jeannot Lacour - de Wues nees gréng maachen