Et gëtt vill Lidder a Gedichter iwwer d'Fréijoer, well jidderee sech nom groen a laange Wanter op déi schéin Saison freet, wann d'Natur nees erwächt. De Jeannot Lacour alias 'De grénge Jeannot' ass prett fir eis erëm un d'Gaardenaarbecht ze bréngen, a weess wat usteet.

D'Fréijoer ass jo déi Saison, wou déi meeschte Planzen bléien. Ob dat elo Gesträichs, Gestrëpp, Stauden oder Beem sinn. Ech mengen, vun Ufank Fréijoer bis Ufank Summer ass déi Period, wou am Fong am meeschte Saachen bléien, wou et am meeschte faarweg ass. Lo stellt sech natierlech ëmmer d'Fro, wéini schneiden ech wat? Déi meescht Leit soen ëmmer, et soll alles am Hierscht geschnidde ginn.

Jeannot Lacour - wéini soll ech Planzen schneiden

An elo gëtt et eng Fauschtreegel, déi ee sech einfach mierken kann, wann et drëms geet wéi eng Planzen ee schneiden kann.

Alles wat verblitt ass am Fréijoer, huele mer elo d'Beispill vun engem 'Magnolia' oder engem 'Forsythia', deen jo zimmlech fréi blitt. Wann déi verblitt sinn, kann ech se roueg schneiden, well da bilden se nämlech nach Knospen, Bléiknospen fir dat Joer drop. Wann ech déi natierlech dann am Hierscht schneiden, da sinn keng Bléiknospe méi do fir d'Fréijoer drop. Dofir ganz einfach, alles wat am Fréijoer verblitt ass, kann ech no der Bléi schneiden. Ech brauch guer net ze fäerten, an sou ass ee sécher,dass een dat Joer drop nees eng schéin faarweg Bléi kritt.

Jeannot Lacour - wéi eng Planzen soll een schneiden