
Wéi dacks huet een Gedanken fir alles, just déi trei Hausdéieren lafen einfach esou am Alldag mat virun, ouni, dass ee sech vill Gedanken ëm si mécht. A wann een dat op kleng Unzeechen näischt gëtt, kann direkt eng grouss Geschicht draus ginn. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet e Fall aus der Praxis derbäi, deen dat gutt beleet.
Dat butzegt Gisèle, e Mipperchers-Mix aus enger Opfänkstatioun an Tunesien, hat matten um Bauch eng Bëmmelchen, ee Nuebelbroch. Well d´Déierchen awer nach ganz jonk war an de Broch nach kleng, gouf senge Leit am Ufank geroden, d´Saach emol gutt am A ze behalen, sech awer ze mellen wann dat Déngen sech iergendwéi verännere géif. E puer Wochen dono war dat dunn de Fall: vun der Gréisst vun enger flappeger Ierbes, hat dem Mippchen säi Nuebelbroch sech op eemol op eng quetschengrouss Bommel vergréissert.
An da kann dat emol eng richteg komplizéiert Geschicht ginn?
D´Gisèle huet weider gefriess a verdaut wéi wann näischt wier mee seng Famill hat elo Angscht, dass en Deel Daarm sech an de Broch quëtschen an d´Déierchen domat an eng ganz akut, esouguer liewensgeféierlech Noutlag komme kéint. A well eng Nopesch -Muppemudder an der Lescht un grujelegen Tumeuren vun hire Mämmercher gestuerwe war an souwisou och op den Adoptiounspabeieren ënnerschriwwe stoung, dass d´Gisèle och steriliséiert misst ginn, ass d´OP fir de Nuebelbroch direkt mat der Sterilisatioun verbonne ginn.