
© Frank Meiers
Wéi brénge winzeg Villercher et fäerdeg sou haart ze sangen?
Mr Science, et mierkt een datt d’Fréijoer do ass, well et gëtt ee lo all Moie vum Gesang vu Märelen a aner Villercher erwächt. Dat kléngt jo wonnerschéin - awer dat ass awer och zimmlech haart. Wisou kënnen dës kleng Déieren eigentlech sou haart sangen?
Sangvigel kënne Loft mat ganz héijem Drock duerch hiert Stëmmorgan pressen. Wat den Drock méi héich ass, wat den Toun méi haart gëtt. Am Verglach zu anere Liewewiese kënnen d’Vigel dohier immens haart sangen. De klengen Zonkebutz – op Däitsch Zaunkönig – bréngt et zum Beispill op bis zu 90 dB. Dat ass esou haart wéi staarke Stroosseverkéier a kann ee scho vum Schlof ofhalen.
A wisou kënnen d’Vigel dësen héijen Drock produzéieren?
D’Ootmung vun de Vigel funktionéiert ganz anescht wéi bei eis Mënschen. Si hunn zwar Longe sou wéi mir och. Awer hiere Kierper ass och nach vu Loftsäck duerchzunn. Mat Hëllef vun de Muskele kënnen d’Viggel dës Loftsäck entweder auserneenzéien oder zesummepressen. Doduerch saugen sie d’Loft an hire Kierper a pressen se och rëm aus.
Beim erausstréime geet d’Loft deelweis duerch d’Long ,an anersäits duerch d’Stëmmorgan vun de Vigel. Wann d’Vigel d’Loft mat vill Drock duerch hire Stëmkapp erauspressen, da kënnen se ganz haart sangen.
Funktionéiert dëse Stëmmkapp da genee sou wéi eis Stëmmbänner?
De physikalesche Prinzip ass dee selwechten. Allerdéngs hunn d’Vigel keng Stëmmbänner mee Membranen, op deenen d’Loft déi laanscht fléisst en Toun produzéiert. Sangvigel hunn 2 Koppele Membranen a verschiddener kënne souguer am selwechten Ablack 2 Téin produzéieren, andeems se d’Membranen onofhängeg vun enee schwénge loossen- a sou kënnen se mat dech selwer am Duett sangen.
Sangen eigentlech Vigel vun enger Aart alleguer selwecht haart?
Nee, do ginn et däitlech Ënnerscheeder tëschent de Sänger. Wéi haart e Villche séngt hänkt vu verschiddene Facteuren of, ënner anerem der Fitness vum Déier: Kräfteg Männercher sange méi haart wéi Männercher, déi geschwächt sinn. Zum Beispill well se net genuch Fudder fannen. An d'Vulleweibchen huet natierlech eng Präferenz fir e Partner, deen haart séngt: Well des Männercher an der Reegel méi fit sinn, ass d'Warscheinlechkeet méi grouss datt hiren Nowuess gutt an d'Liewe start. Awer souguer wann déi jonk Villercher net ënner optimale Konditiounen opwuessen - als erwuessen Déiere kënne se trotzdeem haart sange, wann se genuch Fudder fannen. Wei eng weider Facteure beaflosse wéi haart Vullegesank ass - z. B. kënschtlecht Liicht oder Verkéierskaméidi - beschäftegt iwweregens vill Ornithologen. Et bleift also spannend an der Wëssenschaft.