
© Patrick Greis
De Claude Bintz ass de fréieren Chef vun Tango, Voxmobile an IP-Lëtzebuerg deen och Musek am Blutt huet. Am 'Café des artistes' zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten wéi et ass wann een den Zouschlag kritt fir e Telephonsreseau opzebauen. Hien beschreift, wéi seng Sammlung mat alen Handyen an coolen Gittaren ausgesäit. Mir héieren firwat seng Band mëttwochs moies prouft a wéi de Batteur eng Kéier op der Bün verschwonne ass. Mir ginn gewuer wéi hien Sushi mam Grand-Duc zu New York giess huet an, dass hien de Weltrekord vun den Coveren um Paperjam mat engem aneren Jean-Claude deelt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Claude Bintz, firwat hien sech selwer Gittar bäibruecht huet. Mir héieren dass him déi beschten Iddien moies ënnert der Dusch kommen a ginn gewuer dass hien och fir vill witzeg Reklammen responsabel ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen