
© Patrick Greis
De Claude Bintz, deen direkt zwee mobil Telephonsoperateure Tango a Voxmobile an d'Liewe geruff huet, ass de Bouf vum Acteur a Sänger Aly Bintz, dee mat senger Stëmm a sengem Optrieden iwwerzeege konnt an d'Leit direkt a säi Bann gezunn huet. Am 'Café des artistes' am Gronn kruten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten eng Impressioun wat alles am Fils stécht. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Claude Bintz iwwer seng musikalesch Vergaangenheet wou de Bassist sech als Akrobat versicht hat, de Batteur vun der Bün gefall ass, oder den eenzege Spectateur, een Owend, säin Entrée erëmkrut.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen