
© Patrick Greis
Quasi dem Claude Bintz säi ganzt Liewen dréit ronderëm d'Kommunikatioun. Als Direkter vun IP Lëtzebuerg oder bei der Publicitéitsagence Moskito, wou publicitär Messagen ënnert d'Leit bruecht goufen, a bei Tango a Voxmobile koum déi mobil Telefonie aus de Kannerschong, an dat war och nees Senges. Am 'Café des artistes' huet hie mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer seng berufflech Zäit kommunizéiert, awer och privat Geschicht wéi d'Léift zur Musek koumen net ze kuerz, zum Beispill éischt Grëff op der Gittar. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Claude Bintz, dass een och eppes verdroe muss, wann ee fir en Grupp schafft, deen zu Stockholm säi Sëtz huet. Säi groussen Dram wier et am Virprogramm vum Eric Clapton ze spillen a mir héieren, dass hien déi grouss Éier hat zu New York Sushi z'iessen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen