
© Patrick Greis
Déi bekannt an onbekannt Säite vum Claude Bintz ginn dës Woch beliicht. De Spezialist an der Kommunikatioun hat e wichtegen Prinzip: KISS, keep it simple and stupid. Am 'Café des artistes' am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten ass en och op seng musikalesch Vergaangenheet agaangen. An d'Musek krut en an d'Wéi geluecht duerch sän Papp Aly Bintz an hien huet dëst Talent weiderginn u säin Fils Eric Bintz, Producer vu villen internationale Vedetten aus dem Hip-Hop wéi zB MC Solar, deen dofir och schonn e puer gëlle Placken krut. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 beschreift de Claude Bintz, wéi si sech mat Tango géint déi grouss Konkurrenz an der mobiller Telefonie duerchgesat hunn. Hien verréit wéi eng Telephonsnummer hien sech gewielt huet, an et ass iwwregens déi selwecht wéi seng Autosplack.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen