Wann een Tango oder Voxmobile seet, dann denkt een automatesch un den Claude Bintz, deen, ganz um Ufank bei de mobillen Operateuren d'Geschécker geleet huet. Hien stoung och hannert de Publcitéiten vun Yellow.lu, huet an zeg Banden gespillt an war bei der Gebuertsstonn vun Tango TV involvéiert. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och bei Privatem grouss Oueren gemaach. Piano: Marc Schmidt

29-03-2025 RTL-Afterwork: mam Claude Bintz (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong, Guy Daleiden. Et ass een gewinnt hien op de rouden Teppecher bei grousse Filmfestivallen zu Berlin, Cannes oder Venedeg ze gesinn. Penibel Momenter gouf et awer schonn genuch. Bei den Oscaren stoung hien zum Beispill um Rack vum Glenn Close an zu Venedeg war am Sall keng Plaz méi fir d'Éieregäscht bei enger Projektioun. Mir ginn gewuer firwat hien, wéi seng Gesëschter och, am Heemechtshaus op d'Welt koum an hien verzielt dass hien fir e Film vum Andy Bausch en Transvestit gespillt huet, just d'Désirée Nosbusch war der Meenung et wier keng Roll.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen