De Maître Penning zielt net just iwwer aussergewéinlech Prozesser déi a senger Karriär ervirstiechen. Am 'Café des artistes' verréit hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten firwat hien iwwerhaapt déi Richtung ageschloen huet an net Tennisstar ginn ass. Mir héiere wéi e sech derduerch geknäipt huet, awer och wéi een e gudde Plädoyer hält an och alt emol op Gléck an Zoufall vertraue muss fir e Prozess ze gewannen, a ginn definitiv méi iwwer seng Qualitéiten als DJ gewuer. Piano: Marc Schmidt

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen, mat nach méi Hannergrondinformatiounen iwwer schwiereg Dossieren, a wat virun an hannert de Kulissen vum Geriicht sou leeft.

RTL

© Patrick Greis

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Claude Bintz, dem fréieren Chef vun Tango, Vox mobile an IP-Lëtzebuerg deen och Musek am Blutt huet. Mir héieren wéi et ass wann een den Zouschlag kritt fir e Telephonsreseau opzebauen. Hien beschreift, wéi seng Sammlung mat alen Handyen an coolen Gittaren ausgesäit. Mir héieren firwat seng Band mëttwochs moies prouft, wéi de Batteur eng Kéier op der Bün verschwonne ass. Mir ginn gewuer wéi hien Sushi mam Grand-Duc zu New York giess huet an dass hien de Weltrekord vun den Coveren um Paperjam mat engem aneren Jean-Claude deelt.