
© Patrick Greis
Armdrécken, Vëlofueren awer och nostalgesch Musek vun heiheem a Musek vun engem amerikanesche Superstar gouf et gëschter am LIVE! planet people. Beim Dan Spogen waren d'Caroline Clement, de Christian Roman an de Curtis Stigers.

D'Caroline Clement huet sech un hirer Urgroussbomi inspiréiert an huet als 'Duo Moschterkett' Musek iwwer d'Lompekréimer erausbruecht


de Christian Roman mécht Armdrécken a schléit déi international Konkurrenz mat riets a lénks


© Schlenker
de Curtis Stigers dierf op kenger Party mat senge Slowen feelen a war gëscht mat Lidder aus der Kichen zu Diddeleng

© Schlenker

an et war gëscht schonn déi 19. Editioun vum Télévie Challenge. 23 Ekippen vun RTL a BCE hunn 450 Minutten laang gestruewelt, dorënner eis grouss Cheffen Elmar Heggen a Christophe Goossens de Minister Georges Mischo an d'Laura Thorn
