
© Nainoa Shizuru on Unsplash
Halleffaaschten an Télévie.
Muer ass Halleffaaschten, dat heescht och Bretzelssonndeg an natierlech Kavalkad zu Réimech an och zu Péiteng, déi am Süde fänkt um 14:11 un, déi zu Réimech um 14:30. An der Stad si muer d'Butteker op an hei um Kierchbierg an der Luxexpo ass d'Luxembourg Art Fair.
A punkto Télévie ass och eng jett lass dëse Weekend.
An der Belle Etoile fannt Dir Haut d'Christiane Peltier déi fir de gudden Zweck bitzt an de Kiwanis Club Munneref ass do mat hirer Béchsenaktioun ënnerwee.
Um 17:00 den Owend ass zu Rëmerschen um Futtballterrain e Gala Match tëscht dem Télévie Schengen a fréieren Internationalen.
Zu Dippech gëtt och Fussball gespillt awer a Form vun engem Human-Kicker Tournoi am Pompjeesbau.
Um 18:30 kënnt Dir Iech um Promi-Dinner am Schlass zu Déifferdeng kulinaresch verwinne loossen, mat dobäi ass ënner anerem d'Tessy Antony de Nassau, d'Mandy Minella, de Georges Engel an de Max Hahn.
Haut a muer kritt Dir an der Pâtisserie Engel zu Schëffleng Bretzelen. Den Erléis geet un den Télévie.
Muer um 16:00 ass dann e Concert autour de la Guitare vun der Käerjenger Museksschoul am Festsall Pontebier zu Schuller.
Zu Käerch zerwéiere se muer am Festsall e Buffet mat Spezialitéiten aus aller Welt.
Dann ass och nach Ouschtermaart zu Bieles an der Waassertrap.
An zu Rëmersche gëtt muer fir den Télévie gelaf. Télévie Heroes on the Run iwwer 2, 5 oder 10 Kilometer. Den Depart ass um 10:00 virun den Domaines Vinsmoselle Caves du Sud zu Rëmerschen.