De Guy Daleiden steet zanter 1999 un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Filmfong. Et ass een gewinnt hien op de rouden Teppecher bei grousse Filmfestivallen zu Berlin, Cannes oder Venedeg ze gesinn. Penibel Momenter gouf et awer schonn genuch. Am 'Café des artistes' am Gronn ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten ea gewuer, dass hien bei den Oscaren um Rack vum Glenn Close stoung a fir e Film vum Andy Bausch en Transvestit gespillt huet. Piano: Marc Schmidt

31-03-2025 RTL-Afterwork: mam Guy Daleiden (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt de Guy Daleiden, dass hien deemools net dru gegleeft hat mat 'Mr Hublot' en Oscar ze kréien an dunn awer als éischt opgesprongen ass. Mir ginn gewuer wou den Oscar elo drun ass, an dann héiere mer och firwat hien sech verdächteg gemaach hat, an der Bommeleeëraffär?

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen