
© Patrick Greis
Hien ass de Grand seigneur vum Lëtzebuerger Filmfong. Méi wéi 25 Joer reegelt hien d'Geschécker a steet un der Spëtzt vum 'Fonds national de soutien à la production audiovisuelle', engem 'Etablissement public'. Am 'Café des artistes' am Gronn goung et net sou formell erof beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten an all Festival wéi Cannes, Berlin a Venedeg goufen ugeschwat. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Guy Daleiden wéi d'Lëtzebuerger Delegatioun den Oscar deemools gefeiert huet. Mir héieren vun engem penibelen Moment mam Glenn Close, ginn gewuer wat d'Joan Collins vu Lëtzebuerg hält a wat hien mam Al Pacino geschwat huet

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen