
© Bryan Goff on Unsplash
Dëse Weekend gëtt net nëmmen d’Auer geréckelt, e Samschdeg gëtt et och e besonneschen a seelene Spektakel um Himmel ze gesinn. An zwar eng partiell Sonnendäischtert. D’Céline Spithoven erkläert eis, wéi et dozou kënnt an op wéi ee Bild mir eis freeë kënnen.
Stellt iech en ugeknabberte Kichelche vir. Ongeféier sou wäert d’Sonn e Samschdeg ausgesinn. Dat läit dodrun, dass de Mound en Deel vun der Sonn verdecke wäert. Dat geschitt net dacks. De Mount kreest ëm d’Äerd. D' Äerd kreest ëm d’Sonn. Wann déi dräi op enger Linn leien an de Mount tëscht der Sonn an der Äerd läit, da kann de Mount d’Sonn verdecken. Op alle Fall schéngt dëst fir eis op der Äerd esou. Eng komplett Sonnendäischtert ass immens seelen, hei gëtt et matten am Dag eng Kéier kuerz ganz däischter. Dës Kéier ass d’Sonn nëmmen zum Deel vum Mount verdeckt, dofir eben eng partiell Sonnendäischtert.
Dës ass och net iwwerall ze gesinn. Am beschte weist sech d’Sonnendäischtert iwwer Grönland. Ma och an Europa, am Nordweste vun Afrika an an Neufundland kann een dëse Spektakel observéieren.
Iwwer Lëtzebuerg wäerte Ronn 20 Prozent vun der Sonn verdeckt sinn. D’Chance dat ze gesinn, ass Meteolux no awer net ganz grouss. Ma villäicht spillt d’Wieder jo mat an d’Wolleke verzéien sech e bëssen. Wien säi Gléck versiche wëll fir dëst Phänomen ze gesinn, soll sech an der Mëttesstonn prett halen. De Maximum vun der partieller Sonnendäischtert gëtt sech um 12:07 erwaart.
A wann Dir an d’Sonn kuckt, da passt op Är An op. Setzt e spezielle Brëll op oder kuckt net direkt an dran. Soss kënnen d’An Schied dovun droen.