
© Fifth Season, Red Hour Films
Huelt dir heiansdo d'Aarbecht mat heem an dir kënnt net gutt ofschalten? Oder ëmgedréit, d'Probleemer am Alldag belaaschten iech op der Aarbecht? An der Apple+-Serie Severance, engem psychologesche Thriller, gëtt eng Léisung fir de Probleem virgeschloen.
Severance passt a vill verschidde Genren, et kéint ee se als eng psychologesch dystopesch Drama-Serie an enger alternativer Realitéit definéieren.
D'Firma Lumon industries stellt Leit an, déi mat der "Severance" averstan sinn, d'Erënnerunge ginn hei manipuléiert an d'Erënnerunge vun der Aarbecht gi vun deene vum private Liewe getrennt, sou datt een eigentlech zwou verschidde Perséinlechkeeten huet an zwee verschidde Liewe féiert. Am Trailer gitt dir méi gewuer.
D'Probleemer fänken un, wéi d'Helly, dat sech schwéier mat där Verännerung deet, an den Aarbechtsgrupp vum Marc S., gespillt vum Adam Scott, kënnt. A beim deem sinn déi zwou Perséinlechkeeten op eemol et méi ganz getrennt, an dofir gëtt hien der Lumon-Entreprise mësstrauesch géinteniwwer. An de Rescht musst dir da selwer kucken.
Severance ass verwirrend, spannend a werft och philosophesch an ethesch Froen op, zum Beispill wéi eng Rechter grouss Firmen dierfen hunn a wéi se mat hire Mataarbechter ëmginn. Wann dir Black Mirror gär gekuckt hutt, kommt dir och hei op är Käschten. Et muss een et just verdroen, net alles ze verstoen, datt et komesch ass, an datt den Erzielrhythmus bewosst immens lues ass, virun allem ëmmer wann een an der Entreprise ass. D'Personnagen trëppele beispillsweis eng gefillten Éiwegkeet duerch laang wäiss steril Gänk.
E Fan vun der Serie huet deen hei Kommentar geschriwwen, deen eigentech den Nol op de Kapp trëfft: "Ech hunn nach ni eng Serie esou spannend fonnt, vun där ech esou wéineg verstanen hunn.
Allgemeng gëtt Severance vun de Kriticker immens gelueft a war beispillsweis scho fir 14 Emmyen nominéiert.
Dir fannt d'Serie op Apple+. Vill Spass beim Kucken.