De Mann mam Bockbäertchen versteet vill Spaass, och wann hien, säin Liewen laang engem ganz eeschte Beruff nogaangen ass. De fréieren Procureur vun Dikrech huet notamment zanter 1974 d'Geschécker vun der Justiz am Norden matbestëmmt. An och wann hien schonn 2011 an d'Pensioun gaangen ass, huet hien säin Wëssen a seng eegen Erfarung a Bicher néiergeschriwwen. Am 'Café des artistes' koumen den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten an de Genoss vun de ville Joren wou e sech net gelangweilt huet a waren Zeien vun engem 82järegen deen nach op Zack ass. Piano: Marc Schmidt

23-05-2025 RTL-Afterwork: mam Jean Bour (Freideg)

Muer géint 17h15 zielt de Jean Bour, dass Lëtzebuerg keng Insel ass an et och am Éislek ëmmer nees zu Mordfäll kënnt. Mir héieren, dass fréier Pathologen net sou genee geschafft hunn wéi haut. Hien mécht virwëtzeg op säin nächst Buch 'Phénomènes de corruption' zu Lëtzebuerg a séngt d'Lidd vum 'Hexemeeschter'.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen