
© Patrick Greis
Dës Woch war war et spannend. De fréiere Procureur vun Dikrech, deen e Méindeg seng 82 Joer gefeiert huet, verréit firwat hien déi Richtung ageschloen huet an net Reporter ginn ass. Am 'Café des artistes' am Gronn zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer déi wëll Zäit als Massendénger, déi schéi Joren op der Uni an eng Autopsie just virum Begriefnis. Am Gespréich geet et awer och ëm d'Rechtsmedezin vu fréier, seng Ausenanersetzunge mam Maître Vogel, eng witzeg Renconter mam Grand-Duc, seng Karriär als Acteur an hien séngt um Enn d'Lidd vum Hexemeeschter. Piano: Marc Schmidt
De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen

Déi nächst Woch géint 17h15 gëtt et déi bescht Momenter aus de Gespréicher mat de fréieren Politiker Erna Hennicot-Schoepges a Fränz Bausch. An och de Maître Philippe Penning, de fréieren Chef vun Tango an Voxmobile Claude Bintz, de President vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden an een vun de Pappen vum Superjhemp Lucien Czuga, kommen ze Wuert.