Dës Woch kucke mer zréck op Gespréicher aus de leschte Wochen. Dem François Bausch säin Papp staamt aus enger Weimeschkiercher Famill mat 9 Geschwëster. Mat 17 Joer huet de fréieren grénge Minister op der Bunn geschafft an hien ass net frou mat Bistroen well hien als Bouf an engem doheem war. Am 'Café des artistes' sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten munch Privates gewuer ginn, och dass hien zanter 1989 mam Claudette Majerus zesummen ass, dass de Pierre Puth an de Romain Meyer zu senge beschte Kolleegen gehéieren a vill Afloss op säin Liewen haten, an dass hien ënner der Geheimdéngschtaffär gelidden huet. Piano: Marc Schmidt

27-05-2025 RTL-Afterwork: mam François Bausch (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Maître Philippe Penning iwwer seng Krankegeschichten. Mir ginn gewuer, wou d'Virdeeler vum Gips leien, wéi eng Erfarung hie mat enger Ambulanz gemaach an héieren awer och dass eng Kéier bei him selwer agebrach gouf, an den Abriecher e gudde Bekannten, also e Mandant vun him war.

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen