Och haut e puer flott Momenter aus engem Gespréich vu virun e puer Wochen. De Maître Philippe Penning setzt sech fir d'Gerechtegkeet an, ier e Fall klasséiert an 'ad acta' geluecht gëtt. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten vill iwwer aussergewéinlech Prozesser geschwat, déi d'Press an d'Land an Otem gehalen hunn. D'Zäit gouf awer och genotzt fir e bësschen iwwer d'Fräizäit ze schwätzen, déi beim Affekot wuel knapp bemooss ass, an awer voll ausgeschluecht gëtt mat Hobbyen déi net jiddereen huet an déi och net ongeféierlech sinn. Piano: Marc Schmidt

28-05-2025 RTL-Afterwork: mam Philippe Penning (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 zielt de fréieren Chef vun Tango an Voxmobile, de Claude Bintz, dass hien bei Sport eraus ass. Hie mécht keen a kann och keen kucken. Mir gi gewuer wat e bezuele géif fir mam Eric Clapton iessen ze goen, an héiere wéi en an d'Politik gerutscht ass a firwat hie schlussendlech awer net um Krautmaart gelant ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen