An dëser Woch geet et zréck op e puer flott Momenter aus de leschte Wochen. Wann een Tango oder Voxmobile seet, dann denkt een automatesch un den Claude Bintz, deen, ganz um Ufank bei de mobillen Operateuren d'Geschécker geleet huet. Hien stoung och hannert de Publcitéiten vun Yellow.lu, huet an zeg Banden gespillt an war bei der Gebuertsstonn vun Tango TV involvéiert. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten awer och bei Privatem grouss Oueren gemaach. Piano: Marc Schmidt

29-05-2025 RTL-Afterwork: mam Claude Bintz (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Guy Daleiden, Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong, wéi d'Lëtzebuerger Delegatioun den Oscar deemools gefeiert huet. Mir héieren vun engem penibelen Moment mam Glenn Close, ginn gewuer wat d'Joan Collins vu Lëtzebuerg hält a wat hien mam Al Pacino geschwat huet

RTL

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen