
© Patrick Greis
Dës Woch hu mer Iech e puer vun de beschte Momenter aus Gespréicher vun de leschte Wochen erausgesicht. Wann ee Filmfong seet, kënnt engem automatesch de Numm Guy Daleiden an de Kapp. Zanter 1999 ass hien den Direkter vun dësem Gremium, an dobäi kënnt hien guer net direkt aus dem Milieu mee huet Geschicht an däitsch Literatur studéiert. Am 'Café des artistes' war Geleeënheet mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten iwwer d'Filmzeen awer och Gott an d'Welt vum Bling Bling ze schwätzen. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Lucien Czuga, een vun de Pappen vum Superjhemp, firwat hien sech op der Schlusspressessioun an der Stad, eng Kéier dem Grand-Duc Jean an de Wee gestallt hat. Mir héieren wéi hien an den Tschernobylreen gerode war a ginn gewuer firwat de Luss mam Boney M kal Nuddele giess huet.

De ganze Podcast gëtt et op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen