
© Patrick Greis
Dës Woch maache mir e kuerzen Flashback op Invitéeën déi an de leschte Wochen op Besuch am 'Café des artistes' waren. Schreiwen a Liesen ass senges. Hien huet fir de 'Journal' geschriwwen, huet fir verschidde Publicitéitsagence getext an vu 1987 un huet hien Skripter fir Comicbicher geschriwwen. 2010 huet hien ugefaangen op sech selwer ze schaffen an 10 Joer huet hien hei um Radio Bicher vun diversen Auteuren virgestallt. Dat gréisst a wichtegst Kapitel vu sengem Liewen gehéiert awer dem Superjhemp a senger Renconter mam Zeechner Roger Leiner. Beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten huet hien awer och Wäert op déi kleng Detailer vu sengem Liewen geluecht. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Europadeputéierten a fréieren Vize-President vum Europaparlament Marc Angel. De fréien Deputéierten vun de Sozialisten verzielt dass säin éischt Wuert als Kand 'Zoossiss' war. Hien beschreift dass säin Auslandsjoer an Amerika hien markéiert huet, beschreift säin Coming-Out bei sengem Papp. Mir ginn gewuer dass hien beim Luc Frieden an der Klass war, héieren wéini et wichteg ass zu Stroossbuerg an de Reuniounen ze sinn an héieren d'Geschicht, wéi en eng Kéier plakeg um Gank vun engem Hotel stoung.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen