Et ass déi bekanntsten Party-Institutioun um Ballermann, déi dëst Joer Gebuertsdag feiert: De Megapark gëtt 25 Joer al! Mat sengem grousse Jubiläum 2025 wäert dëse Partytempel nach ëmmer ee vun de gréisste Grënn fir Ballermann-Begeeschterter sinn, d’Playa de Palma ze besichen. D’Céline Spithoven mat engem klengen Historik.

27/05/2025 25 Joer Megapark 13h40 C.Spithoven

Gegrënnt gouf de Megapark den 22. Mee 2000 vum Spuenier Bartolomé Cursach, deen nach eng Partie aner Diskothéiken an Hoteller op der Insel Mallorca besëtzt. Ursprénglech wollt een domat dem Bierkönig Konkurrenz maachen, deen zu där Zäit ëmmer méi däitsch Touristen op d’Insel gezunn huet, ma dat awer op eng méi exklusiv Manéier. 

Ufanks war et eng relativ bescheide Plaz. Mat Fräibéier a gratis Sangria goufen am Virmëtteg schonn Touristen ugezunn. Owes waren dann Optrëtter vum Jürgen Drews an dem Mickie Krause um Programm. Am Joer 2004 gouf d’Gebai dunn ofgerappt a komplett nei opgebaut. A wärend der Pandemie gouf d’Zäit genotzt d’Gebai, wat vu bausse wéi eng Aart gotesch Kathedral ausgesäit, am Banneberäich ze moderniséieren. 

Optesch gesinn hätt de Megapark elo scho bal Las-Vegas-Niveau, beschreift de Schlagerstar Mickie Krause d’Changementer an engem Interview. Ma net nëmme méi Kult Figure wéi d’Isi Glück an de Lorenz Büffel stinn hei reegelméisseg op der Bün. De Megapark geet mat der Zäit a léist ëmmer méi Influencer, Rapperen an Djen optrieden, wat och rëm aner Visiteure mat sech bréngt. 

 Et leeft also fir de Megapark an dat konnt een och Enn Abrëll bei der grousser Ouverture fir d’Saison 2025 gesinn. Ballermannfans déi dës verpasst hunn, brauchen elo awer keng Angscht ze hunn. De 25. Gebuertsdag gëtt och iwwert déi nächst Summerméint nach hefteg gefeiert.