Stellt Iech vir: Et ass Freideg Nomëtteg, d’Schaffwoch ass eriwwer, d’Sonn léist sech blécken– an dir hutt nëmmen nach ee Gedanken: E kaalt Gedrénks op der Terrass genéissen. Ma fir dass een dann elo och wierklech eng Terrass erwëscht, wou ee Vitaminn D tanke kann, gëtt et elo eng App. D’Céline Spithoven stellt eis se vir.

26/05/2025 Band Sunseekr 9h20 C.Spithoven

Sunseekr ass eng interaktiv Sonnekaart fir London, déi ganz genee weist, wéini a wou d'Sonn op wéi eng Terrasse schéngt. Egal ob Café, Pub oder geschwënn och Restaurant – dës App bréngt iech e gudden Téin. 

De Mann hannert dem Projet ass den Architekt Mo Dawod. Hien huet d'App als klenge Summer-Projet entwéckelt an se fir d'éischt op Reddit gewisen. 

D’App benotzt eng Live-Sonnensimulatioun, d'Navigatiounssoftware Mapbox an OpenStreetMap-Donnéeën. Domat gëtt net just gekuckt, wou d'Sonn steet, mee och wéi héich d’Gebaier ronderëm sinn a wéi se d'Sonn blockéieren. Resultat: Dir wësst genee, wou dir grad an der Sonn sëtze kënnt. 

Dir kënnt och d'Auerzäit astellen, wou dir Äre Kaffi oder Béier plangt – an d'App weist iech, wou d'Sonn zu deem Moment schéngt. A wann der léiwer am Schied sëtzt? Kee Problem! Sunseekr weist och déi Plazen un, wou dir der Hëtzt kënnt aus dem Wee goen. 

Den Dawod wëll d’App nach ausbauen – an Zukunft solle Restaurante mat Terrassen dobäikommen, an eng mobil Versioun ass och scho geplangt, den Ament ass Sunseekr nämlech nach eng réng Web-Applikatioun. 

Also: Wann dir dëse Summer zu London sidd an op der Sich no enger

sonneger Plaz fir Äre Béier oder Äre Kaffi, da kuckt op Sunseekr.London. 

An eventuell kënne mir dës nei Kaart an Zukunft och zu Lëtzebuerg notzen a kucken, wou mir Sonn oder Schiet fannen.