
© Apple Studios, Apple TV+, Genre Films
Privatdetektivserië sinn e beléifte Genre. Vum Sherlock Holmes, Magnum bis bei de Monk, kenne mir se all. Den John Sugar seet iech warscheinlech näischt, mä dir fannt en op Apple+.
Den John Sugar lieft zu L.A. an ass drop spezialiséiert vermësste Persounen ze fannen, dat aus perséinleche Grënn. Hie kritt hei den Optrag fir d'Enkelin vun engem berüümten Hollywood-Produzent ze fannen. Méi gitt dir am Trailer gewuer.
Gespillt gëtt de Sugar vum Hollywood-Star Colin Farrell, deen d'Serie och mat produzéiert huet. Fir hie soll se en Hommage un d'50er-Jore-Filmer sinn an dofir ass se an engem ganz spezielle Stil gedréit. Et ass e Gesamtkonschtwierk mat extreemer Léift zu Detailer: d'Musek schaaft d'Atmosphär vun Noir-Filmer a fir kuerz Momenter si schwaarz-wäiss Zeenen aus ale Filmer dotëscht geschnidden. Als speziellen Twist huet een de Sugar selwer als Erzieler, mir sinn a sengem ënnere Monolog dobäi, dat huet z.Bsp. och bei House of cards immens gutt funktionéiert.
E klenge Kritikpunkt ass vläicht de luesen Erzieltempo an de spezelle Revirement zum Schluss huet net jidderengem gefall. Mä Fane vum Privatdetektivgenre solle sech Sugar op Apple+ net entgoe loossen.