
© Patrick Greis
De 'Campus an der Dällt' zu Schëtter war dëse WE fir d'drëtte Kéier en Open-Air-Musée mat alen a ganz alen Autoen. D'Organisateuren vun de 'Classic Days' hate sech nees vill Aarbecht gemaach, fir alles wat gutt ausgesäit a nach fiert op d'Plaz z'invitéieren. Historesch Gefierer, Coursemaschinnen awer och Autoen déi dem Proprietär Spaass maachen stoungen niefteneen um Site geparkt.
26/05/2025 Classic Days zu Schëtter

Classic day(s) Schëtter - Exposanten
Bei verschiddene Modeller hu net nëmmen d'Leit déi kucke komm sinn mee och den Organisateur sech d'Aen geriwwen, iwwer dee gudden Zoustand an deem d'Autoen erhale waren an alles wat et nach gëtt.
Classic day(s) Schëtter - Leit





Am meeschte gelies