
Virun enger Summergripp kann ee sech schwéier schützen, zemol wann d'Temperaturen wéi op enger Achterbunn erop an erof ginn. Zu Oxford op der Uni hu se sech d'Fro gestallt op Hausmëttel hëllefe kënnen. Den Dr Nico Haas huet eis gëscht matgedeelt dass Hunneg e Patentmëttel ass, fir eppes géint en Hals deen kraazt oder eng Nues déi leeft, ze maachen.
Da gëtt et nach aner planzlech Saachen déi geholl kënne ginn fir z'evitéieren dass ee muss grouss Antibioticken opschreiwen. Dat ass den Helix Hedera, dat ass Efeu, heiansdo a Kombinatioun mat Thymian. En ass 'Expectorant'. Do gouf eng Etüd gemaach vu 7.034 Patienten an Däitschland. T'gouf erausfonnt, dass manner Antibiotiquen verschriwwe ginn, gutt Resultater do sinn a manner Krankschreiwungen.
D'Iddi fir Efeu géint de Schnapp an Houscht anzesetzen sinn keng eidel Wieder.
Déi Kombinatioun mat Thymian an Efeu gouf an der Belsch studéiert op 370 Patienten géint Placebo. 10 Deeg ass et geholl ginn an no 7 Deeg huet een eng Reduktioun vun der Intensitéit vum Houscht an der Frequenz vum Houscht vun 68,7% bei deene fonnt déi de Sirop geholl hunn mat Efeu an Thymian géintiwwer 47,6% bei deenen déi e Placebo kritt hunn.
An d'Resultater vun der grouss ugeluechter Etüd iwwerzeegen och all Laien.
'Effets secondaires' sinn praktesch keng do, nëmmen heiansdo gëtt et Allergien. Bei de Kanner ass et och esou, dass et erëm eng Kéier d'Liewesqualitéit vläicht e bësschen eropsetzt awer net genuch Etuden do sinn fir dat ze beweisen. Also wichteg ass, dass net bei all Houscht soll en Antibiotique verschriwwen ginn. Wann een awer onsécher ass, soll een roueg bei den Dokter goen. Wann deen engem seet du kann's et och mat Hunneg probéieren, dann soll een dat vläicht eng Kéier iwwerleeën an acceptéieren.