D’Premièresexame ginn an d’nächst Ronn an och wann d’Notten am Heft nach esou sinn, kann et engem am Examen op eemol schwaarz virun den Aen ginn. Blackout. Näischt méi do. De Kapp ass eidel. Wéi geschitt dat? A virun allem: Wat kann een dogéint maachen? De Mr. Science huet d’Äntwerten. Vun der richteger Ootmung bis bei d’Roll vum Hippocampus. Fir dass d’Schüler mat Wëssen an ouni Panik duerch d’Exame kommen.

29/05/2025 Mr Science

Wat kann ee géint sou e mentale Blackout maachen, Mr Science? A firwat geschitt dat iwwerhaapt? 

Wann alles, wat ee geléiert huet, op eemol fort ass, dann heescht et: roueg bleiwen. Otem an engem Zoch déif an. Ziel dobäi a Gedanke lues bis sechs. Dann häls Du d'Loft kuerz un an otems genee esou lues nees aus. So dir och, dass Du der Situatioun net hëlleflos ausgeliwwert bass. Wann s Du dat méchs, da misst Du dech normalerweis no e puer Minutten entspanen. Dëst funktionéiert am beschten, wann s Du d'Stressbewältegung och scho wärend der Virbereedung op d'Prüfung üübs.

A wéi maachen ech dat?

Deng Ootmung kanns Du zum Beispill mat Yoga trainéieren. Och geziilten Entspanungsübunge loosse sech einfach léieren. Grad sou wichteg, mee vill méi schwéier ass et seng eegen Astellung zu Prüfungen ze änneren. Wann ee mengt, dass wéinst engem verkackten Examen d'Welt ënnergeet, dann ass d'Panik virprogramméiert. An dann notzt och all Otemtechnik net ganz vill. Wann s Du dir allerdéngs sécher bass, dass d'Liewen och no enger schlechter Prüfung weidergeet, da bass Du direkt vill méi entspaant. An d'Liewe geet weider!

Firwat kritt een iwwerhaapt e Blackout?

En Tiger am Gestrëpp oder d'Prüfungsaufgaben um Dësch provozéieren eng Stresssituatioun. Dat ass awer net onbedéngt eppes Schlechtes. Grouss Quantitéite vum Stresshormon Cortisol ginn ausgeschott a fléissen duerch eise Kierper. D'Gehier an d'Muskele kréien eng Extraportioun Energie. Kuerz: Duerch e bësse Stress ginn Héchstleeschtunge méiglech. Mä ze vill Cortisol schléit op den Hippocampus. Dës Schaltzentral fir Erënnerungen am Gehier zitt kuerzerhand de Stecker, fir e Schued ze verhënneren. De Kapp fillt sech op eemol eidel un. Ginn de Stress an de Cortisolspigel erof, geet den Hippocampus nees un d'Netz an d'Erënnerung kënnt zréck.

Ginn et och nach aner Ursaache fir Erënnerungsblockaden?

Stress ass net den eenzegen Ausléiser fir Erënnerungsblockaden. Bekannt a berüchtegt ass zum Beispill de „Filmrëss“ no enger Party, déi e bëssen aus dem Ruder gelaaf ass – dee kënnt da vläicht beim Feieren no de Premièresexame vir. Et erwächt een. Et kann ee sech un näischt erënneren.
Ewéi beim Blackout a Prüfungssituatioune spillt och hei den Hippocampus eng wichteg Roll. Dee préift: Sinn d'Informatioune wichteg? Si se nei? Oder goufen se vläicht schonns emol am Gehier gespäichert? D'Informatiounen, déi dës Barrière passéieren, ginn un d'Laangzäitgediechtnes iwwerginn a kënne spéider nees erausgekroomt ginn.
Mat Alkohol kënne mir den Hippocampus allerdéngs „hors service“ setzen. Hie bewäert dann näischt a leet och näischt weider. Dat heescht: Keng vun den Informatiounen, déi mir ophuelen, wa mir zevill gedronk hunn, iwwerlieft bis moies. Do gëtt et da spannend, d’Detailer mat Hëllef vun de Kolleegen ze rekonstruéieren

Ok, mee dann hoffe mer dat d’Schüler weder e Blackout während den Examen erliewen, nach duerno. Mir wënschen hinnen op alle Fall Bonne Chance!