
© pixabay.com
Wësst Dir scho wou et dëse Summer an d'Vakanz geet? Falls net da kéint da kéinte mir Iech eventuell op d'Spréng hëllefen. Den Internet-Reesprovider weloveholidays iwwert 200 Plagen ënnert d'Lupp geholl a gekuckt wéi eng Hashtags am heefegsten op Instagram optauchen. D'Resultat ass eng Lëscht vun 20 Plagen déi am meeschte getaggt ginn.
Ugefaange mat enger Plage déi sécherlech keng Iwwerraschung ass. Riets geet vu Positano op der Amalfiküst an Italien dat domat säin Titel als absolutten Instagram-Champion verdeedegt. Dat mat 2,9 Millioune Fotoen a Videoen op der social Media Plattform. Schonn zanter Joren zitt dës Destinatioun Influencer an Touristen gläichermoossen a säi Bann. An dat aus guddem Grond: Dat Kristall kloert Waasser invitéiert ee fir dann ze sprangen iwwerdeems déi am Hang gebauten Haiser am Hannergrond déi perfekt Kuliss fir déi ultimativ Vakanzefoto bidden.
Och déi 2. Plaz am Ranking féiert eis an d'Land vu Pizza, Pasta a Co. Jo, an zwar an d'Cinque Terre, dat mat 2,7 Milliounen Hashtags. Dës 5 kleng faarweg Dierfer sinn an engem wonnerschéine Kader a maache se sou zu enger extrem beléifter Vakanzendestinatioun. Och wann et sech net ëm eng eenzel Plage am klassesche Sënn handelt, sinn déi puer kleng Plagen hei en Dram fir all Fotograf.
Mat iwwer 1,7 Milliounen Hashtags geet déi 3. Plaz u Spuenien. A méi prezis op Sitges, südlech vu Barcelona. Wonnerschéi Plagen, en animéiert Nuetsliewen an awer och eng entspaanten Atmosphär. Dat mécht dës kleng Stad um Mier aus. Hei fënnt een dann och garantéiert de perfekte Spot fir deen nächste Selfie op der Plage.
Net nëmmen d'Mëttelmier ass immens beléift op Instagram, och d'Nordsee schéngt et ville Leit ugedoen ze hunn. An do ass et d'Insel Sylt déi sech mat 1,5 Millioune Bäiträg op Instagram déi 4. Plaz am Ranking séchert. Wie scho mol do war dee weess firwat. Sylt steet effektiv fir onendlech Sandplagen, rau Düne-Landschaften an en Hauch vun Exklusivitéit. Och wann dat schéint Wieder hei net onbedéngt garantéiert ass, huet d'Insel awer e ganz eegenen, onwidderstéileche Charme.
Fir déi 5. Plaz vun der Top 5 vun de beléiftste Plagen an Europa geet et zréck a Spuenien. Méi genee op Marbella. Puerto Banús zu Marbella ass net nëmmen en exklusive Yachthafen, mee och d'Heemecht vu Plagen déi pure Luxus ausstralen. Mat iwwert 1,1 Milliounen Instagram-Bäiträg lackelt dës Plaz Jet setter an d'Frënn vun der Sonn gläichermoossen un. Hei treffe Luxus-Yachten op renge Sand an azurblot Mëttelmier. Déi mondän Atmosphär an d'Méiglechkeet dat Gefill vu "ze gesinn a gesinn ze ginn" ze genéissen, maachen dës Plage zu engem super Motiv op Instagram.