Den Europadeputéierten a fréieren Vize-President vum Europaparlament Marc Angel ass keen onbeschriwwent Blat. De fréien Deputéierten vun de Sozialisten verréit dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten dës Woch, dass säin Austauschjoer an Amerika hien markéiert huet, beschreift säin Coming-Out bei sengem Papp. Mir ginn gewuer, dass hien beim Luc Frieden an der Klass war, héieren wéini et wichteg ass zu Stroossbuerg an de Reuniounen ze sinn an beschreift, wéi en eng Kéier plakeg um Gank vun engem Hotel stoung. Piano: Marc Schmidt

02-06-2025 RTL-Afterwork: mam Marc Angel (Méindeg)

Muer géint 17h15 zielt de Marc Angel, wéini hien gemierkt huet, dass hien sech net sou fir dat anert Geschlecht interesséiert. Mir héieren, dass hien an der Primärschoul beim Georges Christen an der Klass war an ginn gewuer wéi et zu enger Batterieszooss komm ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen