
© Patrick Greis
De Marc Angel bréngt een direkt mat der Politik a Verbindung. Hien souz 26 Joer am Stater Gemengerot. 2004, 2009, 2013 an 2018 ass hien an d'Chamber gewielt ginn an 2019 ass hien an d'Europaparlament gewielt ginn wou hien et bis zu engem vu 14 Vizepresidenten bruecht huet. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och a senger Kandheet a Schoulzäit gewullt a sinn op seng Zäit als Austauschstudent gestouss. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Marc Angel, wéi et ass, wann een owes am Ausland, no engem haarden Dag mat ville Reuniounen chillen wëll. Mir héieren wéi et derzou koum, dass hien an engem Hotel plakeg um Gank stoung an héieren, dass hien en Talent huet fir ëmmer nees Leit déi e kennt a penibele Situatiounen ze begéinen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen