
© Patrick Greis
Deputéierten, Europaparlamentarier a bal Minister, doriwwer zielt de Marc Angel eis nach dës Woch. Dass hien och Iwwersetzer a Pedagog ass, dierft manner bekannt sinn. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos Mike Fandel an d'Shari Schenten e guttgelaunten Politiker begéint, deem näischt penibel ass, a keen Fettnäpfchen ausléisst. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Marc Angel dass en eng Kaz huet déi 'Phoebe' heescht an doheem fräi Hand huet. Mir héieren op et en Dresscode am Europaparlament gëtt, wéini et sech rentéiert an enger Sëtzung ze sinn an den Europaparlamentarier verréit firwat hien sou dacks vum Charel Goerens aus Meetingen gelackelt gëtt.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen