Kostüm - Krawatt, eeschte Bléck, mat engem propper redigéierten Text virum Pult am Europaparlament, sou kennt een den Marc Angel. Zanter 2019 gehéiert hien zu den auserwielten Vertrieder vu Lëtzebuerg a versicht d'Interessien vun de Sozialisten duerchzeboxen. Am Januar 2023 gouf hien een vun de Vizepresidenten an elo ass hien Quästor. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten en Abléck an d'Liewen vum Europapolitiker ginn. Piano: Marc Schmidt

05-06-2025 RTL-Afterwork: mam Marc Angel (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 zielt de Marc Angel, dass hien sech am Zuch op seng Aarbecht preparéiert. Mir ginn gewuer, dass hien als Vizepresident en Trick hat fir d'Nimm vun de Riedner richteg auszeschwätzen an héieren, dass hien am Gespréich war fir Gesondheetsminister zu Lëtzebuerg ze ginn, wéi den Etienne Schneider deemools säin Liewen zréck wollt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen