
© Patrick Greis
Mat sengem Brëll wierkt de Marc Angel ëmmer ganz relax a sympathesch. Awer net just eleng d'Sympathiewäerter wäerten de Politiker vun 1994 bis haut op sengem Wee duerch d'Gemengewalen, d'Nationalwalen an d'Europawalen geleet hunn. De fréieren Vizepresident vum Europaparlament an aktuelle Quästor huet am 'Café des artistes' dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verroden, dass hien an der Physik ëmmer eng Null war, dass hien en Tollpatsch ass an dacks Gléck am Ongléck huet. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt de Marc Angel, dass hien zu Dikrech an der Hotelschoul geschafft huet. Hien wëll beim Elio di Rupi an Nohëllefcoursen goen fir eng Méck ze bannen, an erënnert un déi zivil Bestietnisser a Begriefnisser déi hien wärend senger Zäit op der Stater Gemeng gemaach huet a wou och net ëmmer alles riicht gelaf ass.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen