Vun der Gemengepolitik an déi national Politik, a vum Deputéierten zum Europadeputéierten, an engem vun 14 Vizepresidenten vum Europaparlament. Dat ass de politesche Wee deen de Marc Angel zanter 1994 ageschloen huet. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten e Bléck an d'Liewen vum Quästor geheit, deen zu Wien fir Iwwersetzer am Englesch, Franséisch an Däitsch studéiert huet, dat hien mat engem Magister vun der Philologie ofgeschloss huet. Piano: Marc Schmidt

07-06-2025 RTL-Afterwork: mam Marc Angel (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um pensionéierten Professer a fréiere President vun den 'Amateurs Astronomes'. Hien zielt wéi en zu där seelener Éier op deem Posten koum. Mir ginn gewuer dass de grousse Bier weiblech ass, dass hien net un Horoskoper gleeft, an näischt dovunner hält wann een engem e Stär schenkt, ausser et lount sech finanziell. Hien zielt firwat hien no engem Experiment vill Mëllech gedronk huet, wéi hien op der Arbed mat engem Hummer a Liewesgefor war a firwat se nach bis haut an der Handwierkerschoul vum 'Feierstein-Versuch' schwätzen.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen