
© pixabay.com
Eleng ze reese kascht gäre mol Iwwerwannung. Dat sou wuel fir Männer wéi och fir Fraen. Ma fir d'Dammewelt stelle sech donieft nach weider Froen. Vill Frae si sech nämlech net schlësseg wou si sech sécher a wuel fillen a wëlle vläicht och net déi ganzen Zäit eleng ënnerwee sinn.
An deem Kader huet d'Fluchgesellschaft Icelandair déi bescht Platze fir Fraen ermëttelt déi eleng ënnerwee sinn. Dofir hu si sech sou wuel op de Sécherheetsindex, d'Auswiel vun de Plazen nëmme fir Fraen sou wéi d'Unzuel vun Hashtaggen zu Frae-Reese baséiert.
An do ass et op 1. Plaz déi italieenesch Haaptstad. Roum féiert d'Lëscht mat 70 Plazen nëmme fir d'Dammen an engem Sécherheetsindex vu 76,9 un. Déi historesch Stad ass beléift fir seng Sehenswierdegkeeten wéi de Kollosseum, de Pantheon an de Péitersdoum a bitt net nëmme kulturell immens vill mee och eng ganz Partie Méiglechkeete fir romantescht Kenneléieren a solo-Aventuren.
Eriwwer op déi 2. Plaz an zwar op Florenz. Déi italieenesch Stad mat 47 Plazen nëmme fir Fraen an engem Sécherheetsindex vu 65,6 bitt eng romantesch Atmosphär an ass perfekt fir Fraen déi Konscht, Kultur an eventuell och déi grouss Léift sichen.
Vun Italien dann eriwwer a Spuenien, op Madrid. Berüümt fir seng villfälteg Kultur a seng beandrockend Sehenswierdegkeete wéi de Prado an de Palais vum Kinnek, erwaart een an der spuenescher Haaptstad eng pulséierend Atmosphär. Mat 47 Plazen déi speziell op Fraen zougeschnidde sinn an engem Sécherheetsindex vu 50, ass Madrid e beléiften Zil fir Fraen déi gären eleng reesen.
Ma och an Nordeuropa reest et sech anscheinend gutt eleng als Fra. Dat op Oslo zum Beispill. Hei sollen et direkt 20 Plaze ginn déi speziell op Fraen zougeschnidde sinn. Leit déi frou si mat der Natur kommen hei voll op hier Käschte well ronderëm d'Haaptstad kann een e ganze Koup Outdoor-Aktivitéite wéi Wanderen a Fjordtouren maachen. Och zu Oslo selwer kann ee sech op eng lieweg Zeen a bekannt Muséeën wéi de "Munch-Musée" an de "Norsk Folkemusée" freeën.
Op 5. Plaz ass et déi däitsch Haaptstad. Berlin ass net just aarm awer sexy wéi dacks gesot gëtt, et ass och eng Plaz déi fir jiddereen eppes ze bidden huet, besonnesch fir Fraen déi eleng reesen. Mat 43 Plazen nëmme fir d'Dammen an engem zolitte Sécherheetsindex vu 59,3 ass Berlin ideal fir Fraen. Ob ee sech fir Geschicht interesséiert, d'Konschtzeen wëll kenneléieren oder einfach nëmmen d'Nuetsliewe genéisse wëll, zu Berlin fënnt ee wat ee sicht.