Eleng op Instagram fënnt een aktuell bal 18 Millioune Bäiträg ënnert dem Hashtag #vanlife. Camping ass effektiv bei allen Altersgruppe beléift. Ma grad als Ufänger gëllt et op e puer Saachen opzepassen.

10/06/2025 Camping: Déi 5 bescht Tipps fir Ufänger

Ugefaange mam Camping-Car. Fir déi éischt Rees an deem Genre sollt ee sech effektiv léiwer e Campingcar lounen aplaz direkt Zäit a Suen an den Ëm- oder Ausbau vun engem kaafte Van ze investéieren. Sou kann een testen ob engem Camping grondsätzlech gefält, ob een op enkem Raum liewen schlofe kann an ob een domadder eens gëtt an der Däischtert nach eraus mussen ze goe fir zum Beispill d'Zänn ze wäschen oder op d'Toilette ze goen.

Einfach drop lass fueren, fonctionéiert leider och beim Camping net besonnesch gutt. Vill Plaze sinn, virun allem an der Touristesaison, dacks scho fréi ausgebucht. Jee nodeems wéi d'Uspréch sinn, sollt ee sech léiwer mat Zäit ëm déi passend Stellplaz këmmere fir dass een net herno op dat zréckgräife muss wat nach bleift a vläicht kee wollt. Fir deen éischten Trip um Camping kann et och sënnvoll sinn, net sou laang op der Plaz ze bleiwen. Eng Iwwernuechtung am Zelt oder am Campingcar ka sech nawell zimmlech vill vum eegene Bett ënnerscheeden.

Da sollt een awer och déi verschidde Campinge matenaner vergläichen.

Glamping ass inn an och soe mer mol "normal" Campinger hu sech an de leschte Jore verännert. Se sinn dacks méi propper ginn a verschiddener bidde souguer Wellness oder Sauna un. Fir d'Vakanz sou bequeem wéi méiglech ze maachen an dobäi Suen ze spueren, lount et sech Informatioune zu de verschiddene Méiglechkeeten ze huelen. Vergläichsportaler wéi camping.info bidden en éischten Iwwerbléck a verlinken direkt zu deene verschiddene Plazen. Bewäertunge vun aneren Notzer kënne viru grousse Katastrophe schützen a motivéieren och d'Bedreiwer hier Anlage sou confortabel wéi méiglech ze gestalten.

Och wann een et gäre bequeem huet, sou sollt ee sech awer bewosst sinn, dass et och beim Camping Gewiichtsgrenze ginn! Vill Campingcaren a Vannen hunn en maximaalt Gewiicht dat net däerf iwwerschratt ginn. Wien ze vill Saache matbréngt, muss e Protokoll bezuelen a brauch deelweis och en anere Führerschäin. Informéiert Iech deemno mat Zäit wéi ee Führerschäin Dir braucht a mat wéi vill Gewiicht Dir d'Gefier belueden däerft.

An dann ass do och nach déi Saach mat de Kommissiounen. Do soll ee sech bewosst sinn, dass et op ville Campingen eng kleng Epicerie gëtt wou ee mol eng Glace oder e bëssi Mëllech kafe kann, mee dat awer dacks méi deier wéi am Supermarché. Deemno sollt ee sech déi wichtegst Liewensmëttel schonn am Virfeld kafen.

An da last but not least, soll ee probéiere einfach cool ze bleiwe well et geet dacks anescht wéi een et geplangt huet. Vläicht reent et, vläicht vergësst een d'Hallschent doheem oder et bréngt een dausend Saache mat déi een net brauch. Mat all Rees léiert een op jiddefalls fir déi nächste Kéier eppes bäi.